
Hertha BSC - Borussia Mönchengladbach 0:0
D’Berliner hunn, wéi och an deene leschte Matcher, defensiv ganz stabil gestanen, a relativ wéineg zougelooss. D’Fohlen ware wuel beméit, ma richteg geféierlech Chancë waren iwwer déi 90 Minutten éischter seelen. D’Berliner haten an der 22. Minutt déi beschte Chance am Match, ma hunn duerch de Löwen just d’Lat getraff. An der 2. Hallschent war et Gladbach, déi méi fir d’Spill gemaach hunn, mä Goler sollten an dësem Match keng falen. Gladbach steet an der Tabell no 17. Spilldeeg deemno op der 2. Tabelleplaz.
Bayern München - VFL Wolfsburg 2:0
1:0 Zirkzee (86'), 2:0 Gnabry (89')
Déi 1. grouss Chance am Match hat de Perisic duerch e Kappball an der 13. Minutt, de Casteels am Wolfsburger Gol konnt dëse Ball mat enger staarker Reaktioun paréieren. De VfL hat sengersäits duerch de Klaus an och duerch den Arnold zwou gutt Chancen. Bayern war déi besser Ekipp, mee huet sech an deenen éischte 45 Minutte schwéier gedoen, gutt Chance eraus ze spillen, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.
Ufank der 2. Hallschent ass vu Bayern net méi vill komm a Wolfsburg huet sech op Konteren a d’Standardsituatioune konzentréiert. Wat de Match méi laang gedauert huet, wat d’Lokalekipp den Drock ëmmer méi an d’Luucht geschrauft huet. Kuerz viru Schluss war et dunn alt nees de jonken Zirkzee deen den 1:0 geschoss huet. Kuerz drop huet de Gnabry no Viraarbecht vum Lewandowski fir d’Entscheedung gesuergt. Bayern klappt Wolfsburg mat 2:0.
RB Leipzig - FC Augsburg 3:1
0:1 Niederlechner (8'), 1:1 Laimer (68'), 2:1 Schick (80'), 3:1 Poulsen (90')
An der 8. Spillminutt huet Augsburg d’Lokalekipp kal erwëscht. No enger Flank vum Richter huet den Niederlechner den 1:0 fir Augsburg markéiert. Leipzig war uschléissend gewëllt, den Ausgläich ze markéieren, an hat duerch Werner, Schick a Laimer och gutt Chancen, ma de Koubek am Augsburger Gol huet eng ganz gutt 1 Hallschent gespillt. 0:1 no 45 Minutte aus Leipziger Siicht.
Nom Téi ass de Match e bësse méi roueg ginn. Augsburg huet eng kompakt Defense gespillt a Leipzig hat Schwieregkeete sech däitlech Chancen eraus ze spillen. An der 68. Minutt war et dunn den Éisträicher Laimer deen no engem Ballgewënn am séiersten geschallt huet an de Ball an de Filet gesat huet. 10 Minutte virun Schluss huet dunn de Schick no engem Corner vum Nkunku den 2:1 fir Leipzig eragekäppt. Den agewiesselte Poulsen huet an der 90. Minutt mam 3:1 den Deckel zougemaach. Leipzig ass no der Victoire géint Augsburg Hierschtmeeschter.
Schalke 04 - SC Freiburg 2:2
1:0 Serdar (27'), 1:1 Petersen (54'), 1:2 Grifo (67'), 2:2 Kutucu (80')
Leverkusen war Ufank vun der 2. Hallschent déi besser Ekipp a konnt sech déi eng oder aner Chance erausspillen. Ma an der 72. Minutt krut de Wendell eng giel-rout Kaart. An der Nospillzäit war et dunn den Alario dee fir Leverkusen getraff huet. D’Gäscht wannen domat mat 1:0 zu Mainz.
De Leonardo Barreiro souz 90. Minutten op der Mainzer Bänk.
1. FC Köln - Werder Bremen 1:0
1:0 Cordoba (39')
Bremen ass immens defensiv an de Match eragaangen an et war ze gesinn, dass d’Ekipp ronderëm den Trainer Kohfeldt gewollt war no deenen leschten Néierlagen hanne fir d’éischt de Gol propper ze halen. Ma Köln war an der éischter Hallschent déi besser Ekipp a sou war et de Cordoba deen an der 39. Minutt no Viraarbecht vum Drexler den 1:0 markéiert huet.
6 Minutten virun Schluss kruten d’Bremer e Gol wéinst Abseits oferkannt. Bremen huet wuel nach emol alles no vir geheit, ma et sollt um Enn net méi duergoen. Fir Köln war et iwwerdeems déi 3 Victoire bannen enger Woch.