Wéinst de Bëschbränn an Australien gëtt den ITF-Tournoi net zu Canberra, mä zu Bendigo gespillt.

Déi nächst Woch start d'Mandy Minella an hir lescht Saison als Tennis-Profi. D'Lëtzebuerger Championne ass fir den ITF-Tennis-Tournoi Canberra gemellt.

Wéinst de Bëschbränn an Australien hunn d'Organisateuren awer decidéiert, datt den Tournoi net zu Canberra, mä zu Bendigo gespillt gëtt. Den Tournoi, dee mat 25.000 US-Dollar dotéiert ass, dauert vum 6. bis den 12. Januar.