Bannent senge 14 Joer als Golkipp huet den Oli Kahn 14 Titele mat de Bayern gewonnen, dorënner och eng Kéier d'Champions League.

No senger Karriär huet de 86-fachen Nationalspiller 2 Joer Management studéiert an dono als Tëleesexpert a Geschäftsmann geschafft.

En Dënschdeg war säin éischte Schaffdag als Member vum Comité directeur beim dätsche Rekordmeeschter. Säi Kontrakt leeft bis 2024 an am Januar 2022 soll de 50 Joer alen Titan de Karl-Heinz Rummenigge als President vum Comité ersetzen.

Als Spiller war den Oli Kahn extrem fokusséiert, aggressiv an emotional. Haut huet hie sech oppen a virun allem diplomatesch presentéiert.

No der Pressekonferenz an der Allianz-Arena ass den Oli Kahn an d'Trainingslager vun der Ekipp op Doha geflunn. D'Bayern leien an der Wanterpaus op der 3.Tabelleplaz, 4 Punkten hannert Leipzig. D'Ekipp vum Hansi Flick ass Titelverdeedeger an huet 7 Mol hannerteneen de Championnat gewonnen.

An der Champions League spillt München an der Aachtelsfinall géint Chelsea. An och an der Champions League zielt just den Titel.

Den Oli Kahn ass Drock gewinnt. Ob deen awer als Fonctionnaire genee sou einfach ze verkraaften ass ewéi um Terrain, dat muss sech nach weisen.