Den Ex-Trainer vum F91 Diddeleng Emilio Ferrera huet en neien Veräin. Hien huet e Kontrakt beim RFC Seraing an der 1. belscher Amateurliga ënnerschriwwen.

De Marc Grosjean gëtt säi Co-Trainer. Seraing ass an der 1. Amateurliga an der Belsch momentan op 6. Plaz.

Aner Statiounen do virdru waren Club Brugge, Lokeren oder Genk. Den 52 Joer ale Ferrera war bis September Trainer vum F91.