Hien huet de Stefan Kraft (2.) aus Éisträich an de Véierschanzentournée-Gewënner Dawid Kubacki (3.) hannert sech gelooss.

E Samschdeg de Mëtteg war zu Val die Fiemme an Italien d'Schisprangen am Weltcup. Hei war kee Kraut géint de Karl Geiger gewuess.

Den 3. vun der Véierschanzentournée 2019/20 konnt sech virum Stefan Kraft aus Éisträich behaapten. Op déi 3. Plaz koum den Dawid Kubacki aus Polen. Mat dëser Victoire féiert den Däitsche Karl Geiger dann och elo de Weltcup un.