Bei der Descente zu Altenmarkt gouf et eng Victoire fir d'Schwäizerin Corinne Suter. Beim Riseslalom bei den Häre war d'Victoire fir den Zan Kranjec.

Zu Adelboden an der Schwäiz war et e Samschdeg de Riseslalom bei den Hären. An hei war den Zan Kranjec de Séiersten. De Sloween konnt fir d'2. Kéier a senger Karriär eng Weltcup-Course gewannen. Iwwerdeems stoung de Filip Zubcic fir d'1. Kéier a senger Karriär op engem Weltcup-Podest, de Kroat gouf den 2. De Podium completéiert hunn de Fransous Victor Muffat-Jeandet souwéi den Henrik Kristoffersen, dat zäitgläich. Am Weltcup bleift den Henrik Kristoffersen op der 1. Positioun.

Bei der Descente vun den Dammen zu Altenmarkt an Éisträich huet kee Wee laanscht d'Corinne Suter gefouert. D'Schwäizerin huet sech virun der Italienerin Nicole Delago duerchgesat. Op déi 3. Plaz koum iwwerdeems d'Michelle Gisin aus der Schwäiz. Am Weltcup bleift d'Mikaela Shiffrin op der 1. Positioun.