Den Weekend iwwer ass déi 22. Editioun vum Euro-Meet am Schwammen an der Coque.

Den Euro-Meet ass de Rendezvous fir déi national Schwamm-Elite, wou och dëst Joer erëm eng ganz Partie vun internationalen Top-Athlete mat um Depart sinn. De Fokus aus Lëtzebuerger Siicht läit dëse Weekend ouni Zweiwel um Julien Henx. De Fränz Schneiders huet sech am Virfeld vum Euro-Meet mam Sprinter ënnerhalen. Den Julien Henx hat bis elo eng excellent Saison. De Sprinter konnt seng perséinlech Beschtzäite verbesseren an dobäi och Lëtzebuerger Rekorder opstellen. Elo beim Euro-Meet probéiert de Julien Henx dee positive Schwong mat op d'50 Meter Bunn ze huelen.

Geleeënheet dofir kritt de Sportzaldot dëse Weekend an der Coque, déi leschte Wochen iwwer huet de Julien Henx sech dann och intensiv op dëse Rendezvous preparéiert, nämlech zu Teneriffa op engem Trainingsstage.

Iwwer 50 Meter Papillon wäert de Julien Henx e Freideg an d'Competitioun starten, déi staark Konkurrenz fäert de Sprinter jiddefalls net. Den Julien Henx brauch ee gewëssen Drock a staark Konkurrenz, fir top Leeschtunge kënnen ofzeruffen.

Iwwer 50 Meter Crowl huet de Julien Henx dann e besonnescht grousst Zil virun Aen: d'Qualifikatioun fir Tokyo 2020. Beim Euro-Meet probéiert de Julien Henx jiddefalls nei perséinlech Beschtzäiten ze realiséieren.

De Sprinter ass an der Lëscht iwwer 50 Meter crowl momentan u 17. Positioun gefouert. Fir de Sprong an d'Finall ze packen, muss de Weekend iwwer beim Julien Henx alles passen. Hie mengt awer, mat der Konkurrenz mathalen ze kënnen.

Fir den Sprinter ass d'Participatioun um Euro-Meet dann och ëmmer eng besonnesch grouss Freed.  Virun der Famill, Frënn a Sponsore kënnen heiheem um Euro-Meet ze starten, bedeit dem Sprinter immens vill.

Lass geet et dëse Freiden mam Euro-Meet an der Coque, deen och dëst Joer erëm ënnert dem LEN Swimmin Cup organiséiert gëtt.