Bei den German Open am Dëschtennis huet d’Sarah De Nutte en Dënschdeg den éischten Tour vun der Qualifikatioun iwwerstanen.

Dëst duerch en 4:2 Succès géint eng Spillerin aus Singapur.

An der 2ter Ronn waart um Mëttwoch d’Yu Mengyu, Nummer 52 op der Welt. D’Lëtzebuergerin steet op Plaz 80. Eréischt d'lescht Woch hu béid Damme géintenee gespillt, woubäi d'Yu Mengyu sech mat 3-0 behaapte konnt.