Dëschtennis - German Open
Sarah de Nutte géint Yu Mengyu ouni Chance

© pressphoto (Archiv)
D'Lëtzebuergerin huet e Mëttwoch de Moie bei den German Open zu Magdeburg an der 2. Qualifikatiounsronn mat 0:4 kloer verluer.
Fir d'zweete Kéier bannent e puer Deeg ass d'Sarah de Nutte e Mëttwoch de Moien op d'Yu Mengyu aus Singapur getraff. Genee wéi beim Ekippe-Qualifikatiounstournoi fir d'Olympesch Spiller hat d'Lëtzebuergerin och elo bei den German Open zu Magdeburg keng Chance géint hir Konkurrentin. Si huet kloer mat 0:4 verluer.
Am meeschte gelies