En Dënschdeg den Owend huet d'Tageblatt gemellt, dass d'Union Titus Péiteng an hiren Trainer Carlos Fangueiro getrennte Weeër ginn.

Nodeems si an der Hironn déi beschten Ekipp waren an op der 1. Plaz stoungen, hu si an der Réckronn nach kee Match gewonnen. 3 Néierlagen an ee Remis an de leschte 4 Matcher an domat si si zeréckgefall op déi 4. Plaz an hunn ee Retard vu 6 Punkten op de Leader Fola. Nach ass net gewosst, wien de Posten iwwerhuele soll.

De Fangueiro ass awer net deen éischten Trainer, deen an der Réckronn goe muss. Zanter e Sonndeg den Owend ass de René Peters nämlech net méi Trainer zu Hueschtert. Déi hu mam Henri Bossi elo awer ee Successeur fonnt. De René Peters hat den Trainerposten jo vum Henri Bossi iwwerholl.