Basket
Amadeo Dias net méi Trainer vun de Walfer Dammen

Am nationalen Dammebasket wäert den Amadeo Dias an der neier Saison net méi Trainer zu Walfer sinn.
Dëst huet hien RTL géintiwwer confirméiert.
De Coach huet aus perséinleche Grënn decidéiert, fir eng Paus anzeleeën. Hie wëll méi Zäit mat senger Famill verbréngen.
Déi Walfer Dammen hu jo fir déi nei Saison ee Partenariat mat Hiefenech aus der Nationale 2 gemaach, deemno kënne verschidde Spillerinnen vun der USH fir Walfer an der Total League spillen.
Am meeschte gelies