Dat huet d'Federatioun en Donneschdeg an engem Schreiwes matgedeelt.

De Comité Directeur vun der Dëschtennis-Federatioun huet iwwerdeems nach keng Decisioun geholl, ob an och wéi d'Halleffinallen, respektiv d'Finall ëm de Championstitel dës Saison gespillt ginn. Et gouf awer festgehalen, dass spéitstens den 10. Juli de leschte Match muss gespillt sinn.

D'Federatioun huet dann och nach unanime decidéiert, dass keng Ekipp aus der ieweschter Divisioun erausfält, de Briddel a Lénger awer opsteigen.

Dat bedeit, dass d'Saison 2020/2021 mat 10 an net wéi bis elo mat 8 Ekippe gespillt gëtt.

Déi Saison drop gëtt dann nees mat 8 Ekippe gespillt.

André Hartmann ass skeptesch, dass nach fir de Championstitel ka gespillt ginn

Wat de Championstitel ugeet, gouf nach keng Decisioun geholl. De President André Hartmann ass awer skeptesch, dass d'Halleffinallen an d'Finall kënne gespillt ginn.

Den André Hartmann

"Opgrond vun der Deklaratioun vun der Regierung bis den 31. Juli, all gréisser sportlech Manifestatiounen ze stoppen. Mir hunn iwwerluecht, ob et net awer méiglech wär, an engem begrenzte Raum dat ze maachen, mat deene verschiddene Moossnamen. Dat wäert warscheinlech ganz schwiereg ginn. Och fir ze spillen, ouni Zuschauer ass fir eis och net eng Léisung. Also dofir wäerte mir weider a Kontakt bleiwe mat de Veräiner an am schlechste Fall ass d'Finall dann net gespillt, respektiv d'Halleffinallen dann net an da musse mir eng aner Léisung fannen, fir de Championstitel ze decernéieren."

An dat wäert de Fall sinn, wann d'Finall bis den 10. Juli net gespillt konnt ginn.