Bei der Adria Tour, déi vum Novak Djokovic organiséiert gëtt, gëtt et een zweete positive Corona-Fall.

Nom Grigor Dimitrov huet de kroatesche Profi Borna Coric e Méindeg iwwert déi sozial Netzwierker matgedeelt, datt och hie positiv op de Coronavirus getest ginn ass. Den 23 Joer alen Halleffinalist vun den Australian Open hat e Sonndeg d'Finall zu Zadar a Kroatien verpasst. Dës war nom positiven Test vum Dimitrov aus Sécherheetsgrënn ofgesot ginn.

D'Adria-Tour hat de leschte Weekend bei der Statioun zu Belgrad fir vill Opreegung gesuergt. D'Tribüne waren nämlech voll mat Leit, d'Spiller hu sech an den Arem geholl an hunn no de Matcher an enger Disko gefeiert. Si goufe kritiséiert, net déi néideg Sécherheetsmesuren anzehalen. "De Reegelen a Mossnamen, déi vun den Institutioune vun der Regierung an der ëffentlecher Gesondheet festgeluecht gi sinn, hu mir vum éischten Dag un agehalen. Mir hunn d'Linnen net iwwerschratt", sou d'Rechtfäerdegung vum Novak Djokovic.