E Mëttwoch de Moien huet de Luc Holtz op enger Pressekonferenz de Kader fir déi zwee Matcher an der Nations League bekannt ginn.

FLF-Kader Nations League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Ufank September fänkt déi nächsten Editioun vun der Nations League un. De 5. September spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp auswäerts géint den Aserbaidschan an dräi Deeg drop spillen déi rout Léiwen heiheem géint de Montenegro.

Den 1. September spillt d'Nationalekipp owes um 19 Auer am Stade Josy Barthel nach een Testmatch géint Saarbrécken.

E Mëttwoch de Moien huet de Luc Holtz op enger Pressekonferenz de Kader vun 23 Spiller bekannt ginn. Net mat dobäi sinn de Chris Philipps an de Marvin Martins, béid Spiller sinn nach op der Sich no engem Veräin. Déi zwee Matcher verpasst och de Maxime Chanot. Hie gouf vu sengem Veräin New York City FC net fräigestallt. Op der Lëscht feelt dann och nach den Aurélien Joachim, ma hien hat jo schonn annoncéiert net méi wëlle fir d'Nationalekipp ze spillen. An den Dave Turpel ass blesséiert.

Am RTL-Interview betount de Luc Holtz, datt am Moment nieft dem Sportlechen och vill Zäit drop geet, fir d'Covid-Mesuren en vue vun den zwee Lännermatcher anzehalen an ze respektéieren.

De komplette Kader

1 BARREIRO MARTINS Leandro 03.01.2000 1. FSV Mainz 05 (D)
2 BENSI Stefano 11.08.1988 CS Fola Esch
3 BOHNERT Florian 09.11.1997 1. FSV Mainz 05 (D)
4 CARLSON Dirk 01.04.1998 Karlsruher SC (D)
5 CURCI Alessio 16.02.2002 1. FSV Mainz 05 (D)
6 DEVILLE Maurice 31.07.1992 1. FC Saarbrücken (D)
7 GERSON Lars 05.02.1990 IFK Norrköping (SWE)
8 HALL Tim 15.04.1997 Gil Vicente (PT)
9 JANS Laurent 05.08.1992 FC Metz (F)
10 KIPS Tim 01.11.2000 F91 Dudelange
11 MAHMUTOVIC Enes 22.05.1997 PFC Lviv (UKR)
12 MALGET Kevin 15.01.1991 Swift Hesperange
13 MARTINS PEREIRA Christopher 19.02.1997 Young Boys Bern (CH)
14 MORIS Anthony 29.04.1990 Union Saint-Gilloise (B)
15 MURATOVIC Edvin 15.02.1997 F91 Dudelange
16 OLESEN Mathias 21.03.2001 1. FC Köln (D)
17 RODRIGUES GOUVEIA Gerson 20.06.1995 Dynamo Kiev (UKR)
18 SCHON Ralph 20.01.1990 FC Wiltz 71
19 SELIMOVIC Vahid 03.04.1997 OFI Crète (GR)
20 SINANI Danel 05.04.1997 Norwich City FC (GB)
21 SKENDEROVIC Aldin 28.06.1997 FC Progrès Niederkorn
22 THILL Olivier 17.12.1996 FK Ufa (RUS)
23 THILL Vincent 04.02.2000 FC Metz (F)