Zwou schwéier Partië fir d'FLBB-Formatioun zu Bratislava

An engem relativ ekilibréierte Grupp gouf et schonn 2 knapp Néierlagen fir d'Baskets-Nationalekipp.
En Donneschdeg de Mëtteg spillt d'Basket-Nationalekipp an der WM-Pre-Qualifikatioun géint Island an e Samschdeg heescht de Géigner Slowakei. Wéinst der Corona-Pandemie ginn dës Matcher zu Bratislava gespillt.
Bis elo goufen et am Grupp B fir dem Ken Diederich seng Ekipp zwou knapp Néierlage géint d'Slowakei a géint Kosovo. Dat wéist, dass de Grupp relativ equilibréiert ass. Géint Island hunn d'Lëtzebuerger an dëser Campagne nach net gespillt. Fir den Ken Diederich ass d'Ekipp vun der Atlantik-Insel awer de Favorit am Grupp B.
Si hunn zwar am Kosovo knapp verluer, mä et weess een awer, dass et do schwéier ze spillen ass. Si hunn doheem géint d'Slowakei gewonnen. All Match war enk, mir haten och zwee enker. D'Grupp ass relativ ausgeglach. D'Islänner si liicht favoriséiert, well si vill Spiller hunn, déi am Spillrhythmus sinn, si hu 4 Spiller, déi a Spuenien spillen, si hunn een, deen an Däitschland spillt. Si hu wierklech hir A-Ekipp dobäi a mir wëssen, dass et ee ganz schwéier Géigner gëtt, deen d'Zil huet, sech ze qualifizéieren. Trotzdeem hu mir géint si virun annerhalleft Joer am Montenegro gewonnen. Mir wëssen awer och, dass dat eng bëssen aner Ekipp war. Hinnen hunn dunn 4 bis 5 Leit gefeelt an déi sinn elo dobäi.
Zanter e Méindeg ass dem Ken Diederich seng Ekipp zu Bratislava an enger sougenannter Boule. D'Spiller sinn alleguerten physesch um Top. Eppes mécht dem Nationaltrainer awer Suergen.
Mir haten elo vill Spiller, déi wärend 5 Woche kee Match haten an dat trëfft net zou op Kosovo, d'Slowakei an Island, déi vill Spiller a Spuenien hunn. Dat heescht, déi hu Spillpraxis. Mir musse kucken, wéi mir domadder ëmginn. Kucken, wéi dat ass ouni Zuschauer ze spillen. Den Thomas kennt dat zwar vun Tréier, de Ben an den Alex och. Fir d'Lëtzebuerger Spiller an och fir mech ass dat eppes Neits, wou een net genau weess, wat ze erwaarden ass, wann s de um Terrain stees an du héiers all Wuert, wat geschwat gëtt, an och ouni d'Spectateuren ze spillen.
Nom Match géint Island haut, spillt d'FLBB-Formatioun e Samschdeg géint d´Slowakei.