D'Jamaikanerin ass e Samschdeg déi zweetséierst Zäit an der Geschicht vun den 100-Meter bei den Damme gelaf.

D'Shelly-Ann Fraser Pryce, dat schonn zwee Mol Gold bei den Olympesche Spiller wanne konnt, stoung e Samschdeg beim Meeting zu Kingston kuerz virun engem neie Weltrekord.
Fir d'100-Meter huet déi 34 Joer al Sprinterin aus Jamaika 10,63 Sekonne gebraucht a war domat 14 Honnertstel ze lues, fir de Weltrekord vun der US-Amerikanerin Florence Griffith-Joyner aus dem Joer 1988 ze klappen.