Bis elo hunn sech 8 Lëtzebuerger Athlete qualifizéiert. Fir e puer Sportler bleift an den nächste Wochen awer nach d’Chance et och nach ze packen.

2016 war de Charel Grethen dobäi. No der Qualifikatioun vum Charline Mathias fir d’Olympesch Spiller zu Rio krut de Mëttelstreckeleefer iwwert eng Genderreegel d’Méiglechkeet, a Brasilien ze lafen. Deemools nach iwwert 800 Meter. Mëttlerweil geet den 29 Joer alen CSL-Athlet iwwert 1500 Meter un den Depart.

De Charel Grethen ka mat de strikte sanitäre Mesurë bei de Spiller zu Tokio liewen. An de Sportzaldot huet och bis elo dat Bescht aus der Situatioun gemaach. No 2 Joer Competitiounspaus huet de 1500-Meter-Leefer 2021 4 national Rekorder gebrach. De leschten den 19. Mee zu Ostrava, wou hien d’Olympianorm ëm 1 Sekonn a 75 Honnertstel verpasst huet. De Charel Grethen kéint sech awer och iwwert d‘Weltranglëscht qualifizéieren. D’Quali leeft nach bis den 29. Juni.

De Charel Grethen ass a bleift optimistesch. D’Achillesseen huet dem COSL-Elite-Athlet laang Suerge gemaach. Zanter dem Comeback fir d’Halesaison leeft et awer gutt.

De Charel Grethen ass op der leschter Ligne droite, fir sech ze qualifizéieren. Den 1. Juli annoncéiert déi international Liichtathletikfederatioun wat fir eng 45 Athleten et fir d’1500-Meter-Competitioun gepackt hunn. A mat e bësse Chance ass do e Lëtzebuerger dobäi.