D'Lëtzebuergerin huet beim decisiven Tournoi d'Qualifikatioun net gepackt.

Et sollt just net duergoe fir d'Jenny Warling. D'Lëtzebuerger Karateka huet d'Olympesch Summerspiller beim Qualifikatiounstournoi zu Paräis e Freideg ganz knapp verpasst. Déi 27 Joer al fréier Europameeschterin kënnt an hirer Kategorie bis 55 Kilo um Enn op déi 5. Plaz. Et hu sech awer just déi 3 éischt den Ticket fir Tokio kënne sécheren.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

✅ 5:1 Widad Draou (ALG)

✅ 1:0 Rose Wanjiku (KEN)

✅ 3:1 Ranran Li (CHN)

✅ 1:0 Alexandra Rechhia (FRA)

❌ 0:1 Moldir Zhangbyrbay (KAZ)

Repechage

❌ 2:4 Ivet Goranova (BUL)