Éischt Tester am BahrainTop 4 no beieneen, Aston Martin mat Problemer

Tom Hoffmann
Dominique Riefstahl
An 21 Deeg fänkt an Australien déi nei Formel-1-Saison un. Dës Woch stoungen am Bahrain déi éischt offiziell Tester um Programm, déi den RTL-Expert Dominique Riefstahl analyséiert.

Fir déi éischte Kéier an dëser nach jonker Saison sinn déi nei “Formel 1"-Autoen op Häerz an Niere gepréift ginn. Eng Première war et allerdéngs fir Williams, déi hiren néien Auto fir déi éischte kéier an dësem Joer op de Circuit geschéckt hunn. Enn Januar war den Auto zu Barcelona nach net prett. Positiv war awer, dass bis dato keng grouss Fiabilitéitsproblemer opgetaucht sinn. Den Teamchef vu Williams, den James Vowles erkläert:

“Et war keen einfache Wanter. Do gëtt et keen Zweifel drun. Wann een d’Testdeeg elo am grousse Ganze kuckt, war den Auto ëmmer zouverlässeg. Mir hate keng gréisser Problemer an d’Korrelatioun huet gestëmmt. Dowéinst gëtt d’Stëmmung elo ëmmer besser, mee bis Melbourne hu mir nach vill ze dinn, well mir Barcelona verpasst hunn.”

Wat d’Favoritten ugeet, ass et no dësen éischten offiziellen Testdeeg net evident anzeschätzen, wien d’Nues vir huet. D’Top 4 vun der leschter Saison, also Mercedes, McLaren, Ferrari a Red Bull, si reegelméisseg Beschtzäiten an de Seance gefuer.

Suerge muss ee sech awer aktuell ëm Aston Martin maachen. D’Piloten Alonso a Stroll waren an der Wüst vu Bahrain net wierklech zefridde mat hirem neien Aarbechtsgeschier. De Lance Stroll: “Mir sinn net mat virbäi. Mir sinn zwar eis Ronne gefuer, mee mir mussen eis verbesseren, well ënnert dem Stréch feelt et einfach u Performance.”

Direkt e puer Rout Fändele gouf et awer. Déi eng Kéier huet bei Cadillac de Moto gestreikt, déi aner Kéier huet sech e Stéck vum Auto geléist. Ënnert anerem huet och dem Pierre Gasly säin Alpine de Geescht opginn. De Pierre Gasly erkläert déi aktuell Situatioun vun der Ecurie: “Et huet sech esou vill geännert. Jidderee fänkt bei Null un. Mir halen eis un eise Plang an nächst Woch gesi mir vläicht e bësse méi.”

Da stinn déi lescht Testdeeg um Menü, ier d’Saison ufänkt an dowéinst kritt een da warscheinlech och méi representativ Zäite presentéiert.

Wann een d’Aussoe vun de Piloten analyséiert, gesäit een: Mat richtegem Makadamm ënnert de Pneuen ass d’Realitéit ukomm. Dat neit Reegelwierk war bis elo gréisstendeels Theorie. An esou gutt e Simulator och ass: näischt ersetzt d’Streck. Bei e puer Piloten hunn d’Tester d’Aen opgemaach ewéi Gënzescheeken.

Wann 2014 (Hybridära) schonn als komplizéiert gegollt huet, dann ass 2026 eng aner Liga. Et ass awer nach vill ze fréi fir Conclusiounen. All Ecurie gesäit d’Noperen als Favorit, d’Motoristen ënnerstelle Mercedes schonn erëm Virdeeler ,déi dat dann awer direkt relativéieren an op e bessere Chassis bei Red Bull verweisen. Eng komplett Coursesimulatioun gouf et nach net, also weess keen, mat wéi vill Bensinn d’Beschtzäite gefuer goufen: 20 Kilo, 30 Kilo oder bal eidel? Ouni déi Donnéeë bleift vill Spekulatioun. Och den Topspeed eleng verréit net automatesch de beschte Motor. Beim Energiemanagement kann een immens variéieren: späicheren, ofginn, recuperéieren an d’Zuele kënne séier täuschen.

Wat awer schonn erausstécht:

  • Honda kämpft mat Temperaturproblemer a mécht dofir grouss Ëffnungen an d’Karosserie
  • Ferrari wierkt effizient, mat staarkem Topspeed an enger gudder Duerchschnëttsvitesse.
  • Déi nei Pneuen degradéieren nach ëmmer staark
  • A virun allem: vill verschidde Konzepter. Frontflillek-Philosophien, Sidepod-Undercuts, Suspensiounsgeometrie an dobäi en extrem komplexen Energiemanagement.

D’Diversitéits-Ziler vun der FIA? Déi sinn op alle Fall erreecht.

Back to Top
CIM LOGO