Déi concernéiert Deputéiert sinn zanter der Annonce vun der Plainte vum Chamberbüro géint d’Piraten op Tauchstatioun. Am spéiden Nomëtteg huet sech elo awer ee vun de Coordinateuren eng éischte Kéier um RTL-Mikro zu dësem aussergewéinleche Virgang zu Wuert gemellt. Natierlech géifen d’Reprochen géint d’"sensibilité politique” der ganzer Partei schueden, sou de Starsky Flor.
Och wann hei d’"Jongen an der Chamber” viséiert wieren. Déi hätte Feeler gemaach, mä géifen awer dozou stoen. D’Partei wéilt op alle Fall hir Aarbecht weider maachen an d’Feeler aus der Vergaangenheet net nach emol maachen. Op d’Fro wéi eng Konsequenzen parteiintern gezu musse ginn, ob ieren een erausgeheit misst ginn, huet de Starsky Flor gemengt, dat géif dovunner ofhänken wat fir Konsequenzen d’Plainte an déi méiglech disziplinaresch Enquête no sech zéien. Näischt wier onméiglech.
Reagéieren doen och d’Deputéiert vun Déi Lénk, Déi Gréng, der DP an der LSAP. Déi 4 Fraktioune weise sech entsat iwwert de Piraten hir Finanzgestioun. Esou eppes wier bei hinnen nach net virkomm a géing och net virkommen. Wann erwënscht, sinn all Fraktioune prett hir Bicher, och 5 Joer zeréck, op den Dësch ze leeën.