De Jeff Henckels huet beim Qualifikatiounstournoi fir d’Olympesch Summerspiller zu Tokio déi éischt Ronn op der éischter Plaz ofgeschloss.

Mat 682 Punkten huet de Bouschéisser säin eegene Landesrekord vu virun 20 Joer ëm 11 Punkte verbessert.

Den Tournoi dauert nach bis e Méindeg. Tëscht 4 an 8 Participante kënne sech nach en Ticket fir Tokio sécheren.

De Pit Klein koum mat 642 op déi 43. Plaz an der Qualifikatioun.

De Jeff Henckels ass um Méindeg nees am Asaz an de Pit Klein um Sonndeg.