Ära geet op en EnnE Réckbléck op d'Karriär vum Tom Schumacher a Fränk Muller beim T71

Christophe Hochard
Den Tom Schumacher an de Fränk Muller sinn zesumme mat hirem Veräin - dem T71 - duerch Déck an Dënn gaangen. Elo hu si hirer aktiver Karriär en Enn gesat.
© Maya a Robert Straus

De Fränk Muller an den Tom Schumacher sinn d’Séil vum Diddelenger Basket. Si zwee hunn ewéi keen anere virdrun den T71 gepräägt. E Freideg goung eng Ära op en Enn. De “Bülli”, wéi de Fränk Muller genannt gëtt, a säi Kolleeg “Schumi” hunn d’Basketschong un den Nol gehaangen.

13 Joer laang huet de Fränk Muller 1. Ekipp gespillt. Den Tom Schumacher hat wärend 17 Joer den Trikot vum T71 un, huet vill Titele gewonnen, Frëndschafte geschloss an enorm vill Freed erlieft.

An den RTL-Archive fënnt een dohier sou flott munch Erënnerungen.

Zwou T71-Legenden hänken hir Schong un den Nol
Den Tom Schumacher an de Frank Müller konnten hir Karriär mam Championstitel 2021 ofschléissen.

Zum Beispill am Mäerz 2004 am Kader vum “Spiller vum Mount”. Béit Sportler sinn net nëmme Kolleegen um Terrain. Och privat si si onzertrennlech. Am Mee 2008 ware si bei “Larry meets”. De 6. Juni 2010 hunn den Tom Schumacher an de Fränk Muller zesumme mam T71 eng éischte Kéier de Championstitel gewonnen. Dëst nodeems de Club dat Joer virdrun d’Coupe op Diddeleng geholl hat. Géint d’Sparta konnt d’Ekipp aus der Forge du Sud sech am 3. an decisive Match behaapten. Dëst nodeems 1985 de Championstitel eng leschte Kéier op Diddeleng goung.

© RTL

E Freideg hu béid Spiller eng leschte Kéier mam T71 Diddeleng een Titel gewonnen, besser hätt hir aktiv Karriär net kéinten op en Enn goen. No der Victoire vum Championstitel gouf nach zu Diddeleng an der Hal gefeiert.

De Schumi an de Bülli waren, sinn a bleiwen Diddelenger. Si si mat hirem Veräin - dem T71 - duerch Déck an Dënn gaangen. Elo kënne si op eng houfreg a fantastesch Karriär zréckkucken.

De Fränk Muller am RTL-Interview

De Fränk Muller am Interview
E Freideg den Owend huet de Spiller vum T71 e Schlussstréch ënnert seng aktiv Basketkarriär gezunn.

Den Tom Schumacher am RTL-Interview

Den Tom Schumacher am Interview
Mam Gewënn vum Championstitel mam T71 gouf et fir den Tom Schumacher e perfekten Ofschloss vu senger aktiver Karriär.

Back to Top
CIM LOGO