Paralympesch SummerspillerDen Tom Habscheid ass mat grousser Motivatioun op Tokio gereest
RTL Lëtzebuerg
Dem Bommstousser seng Kompetitioun ass de 4. September. Hien huet domadder nach e wéineg Zäit, fir sech un d'Konditiounen ze gewinnen.
Update: 04.12.2025 09:47
Tom Habscheid bei de Paralympics zu Tokio am Asaz
Den Tom Habscheid ass deen eenzege Lëtzebuerger zu Tokio um Depart.
Vum 24. August bis den 5. September sinn Paralympics zu Tokio. Mam Tom Habscheid ass deen eenzege Lëtzebuerger mat um Depart, deen en Méindeg an der japanescher Haaptstad ukomm ass. Hien ass mat grousser Motivatioun an Ambitiounen op Tokio gereest.