Virun enger Woch sinn d‘Olympesch Wanterspiller an Italien ugaangen. Am Schi Alpin sinn d'Descente an de Super G eriwwer. Vun e Samschdeg u geet et dann iwwer op de Riseslalom a spéider de Slalom. Do wäerten dann och déi zwee Lëtzebuerger Athlete Gwyneth ten Raa a Matthieu Osch am Asaz sinn.
Am RTL-Interview schwätzt de Chef de Mission vum COSL, de Raymond Conzemius, iwwert d'Preparatioun op dës Courssen an, datt béid Fuerer och den Usproch hunn, op engem gudden Dag an d'Top 30 ze fueren, deemno an déi zweet Manche ze kommen.
Genee wéi zu Paräis 2024 gëtt et och dës Kéier eng Zesummenaarbecht mam däitschen Olympesche Comité DOSB. D'Coursse vun den Häre sinn zu Bormio an déi vun den Dammen zu Cortina d'Ampezzo. Fir eng kleng Delegatioun ass dëst besonnesch schued, sou den Chef de Mission e Mettwoch den Owend am Interview.