E Samschdeg geet et lassMatthieu Osch ka bei 3. Olympia-Participatioun op seng Experienz setzen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie geet et fir de Matthieu Osch am Riseslalom zu Bormio un den Depart. Mir hu mat sengem Papp Gilles Osch iwwert déi lescht Preparatiounen an och d'Ziler vum Lëtzebuerger Schifuerer geschwat.
© Geoffrey Osch

E Samschdeg de Moie géint 10.00 Auer geet de Matthieu Osch am Schi Alpin eng drëtte Kéier a senger Karriär bei den Olympesche Wanterspiller un den Depart. Nieft der Gwyneth ten Raa ass hien den eenzege Lëtzebuerger, dee bei dëser Editioun vun de Spiller an Italien am Asaz ass. Nodeems hie bei der grousser Erëffnungszeremonie de grousse rout-wäiss-bloe Fändel eragedroen hat, ass et an den Deeg duerno fir déi ganz Ekipp un déi lescht Virbereedunge gaangen:

“Déi lescht Deeg huet d’Ekipp ronderëm de Matthieu gutt zesumme geschafft a super fonctionéiert, esou datt de Matthieu sech beschtméiglech op déi zwee kommend Evenementer virbereede konnt”, sou de Gilles Osch, Papp vum Matthieu a fréiere Schi-Alpin-Athleet.

Gefuer gëtt e Samschdeg am Riseslalom zu Bormio op der legendärer Stelvio-Pist, op déi ee sech immens gutt virbereede muss, fir mat enger gudder Zäit ënnen op der Arrivée unzekommen. De Gilles Osch weist sech mat den Trainingskonditiounen op der Plaz zefridden:

“D’Kondtiounen op den Traininspiste si gutt a ganz no un deene vun der Stelvio, wou d’Coursse gefuer ginn. Déi Konditioune kommen dem Matthieu an deem Sënn entgéint, datt se normalerweis iwwert dat ganzt Starterfeld fair Pistebedéngunge liwwere missten. Prinzipiell leien dem Matthieu déi haart Pistebedéngunge besser, an dat ass hei de Fall.”

Nieft dem Riseslalom ass de 26 Joer ale Matthieu Osch och am Slalom gefuerdert. Och säi Papp, de Gilles Osch, war am Joer 1985 schonn zu Bormio op där selwechter Plaz am Slalom un den Depart gaangen, gouf hei awer mat engem DNF (Did Not Finish) klasséiert. Säi Jong wëll, ouni eng bestëmmt Placéierung am A ze hunn, op béide Competitiounen alles ginn:

“E gutt Resultat fir de Matthieu ass dat, wou hie sech sécher ass, datt hien alles gemaach huet, fir dat Klassement ze erreechen, wat schlussendlech derbäi erauskomm ass.”

Ee Virdeel, deen de Matthieu Osch kéint hunn, ass seng Experienz, déi hien op sengen elo schonn drëtten olympesche Wanterspiller fir sech notze wëll. Dat mengt säi Papp, de Gilles Osch:

“Ganz kloer bréngen dës dräi Spiller dem Matthieu déi Experienz, duerch déi hie mat enger grousser Geloossenheet un de Start goe kann. E gutt Omen, fir eng beschtméiglech Performance ofzeliwweren.”

E Samschdeg de Moien um 10.00 Auer fänkt fir de Matthieu Osch den éischten Duerchgang am Riseslalom zu Bormio un. Weider geet et dann um 13.30 Auer mam zweeten Duerchgang, wou dann och d’Decisiounen ëm d’Medaile falen. De Slalom ass dann e Méindeg, och jeeweils um 10.00 an um 13.30 Auer.

Interview mam Matthieu Osch vum 3. Februar 2026

Mathieu Osch: "Ech géif soen, datt de Slalom meng besser Disziplin ass"
E Freideg fänken déi olympesch Wanterspiller an Italien un. D’Gwyneth ten Raa an de Matthieu Osch sinn als déi zwee eenzeg Lëtzebuerger Athleten mat dobäi.

Weider Artikelen zu den Olympesche Wanterspiller 2026

Back to Top
CIM LOGO