Volleyball-Challenge-CupDamme vu Walfer verléieren den Allersmatch géint Sokol Post

RTL Lëtzebuerg
D'Résidence huet géint d'Ekipp aus Éisträich mat 0:3 verluer.
© RTL-Archivbild

Am Tour vun de leschten 32 huet sech de Lëtzebuerger Champion Résidence Walfer am europäesche Challengecup misse mat 0:3 am Allersmatch géint Sokol Post aus Éisträich geschloe ginn. D’ Lëtzebuergerinnen hu virun allem an den éischten 2 Sätz ganz gutt matgespillt an hunn eréischt spéit missen dem Drock vun der Heemekipp noginn. An de Sätz huet Walfer 22:25, 20:25 a 15:25 verluer. De Retourmatch ass den nächste Mëttwoch um 19.30 Auer zu Walfer.

D’Damme vu Walfer géint Post Sokol
D’Damme vun der Résidence Walfer musse sech zu Wien géint Post Sokol mat 0:3 geschloe ginn.

Optakt dann och an der Coupe de Luxembourg am nationale Volleyball wou d’Gym Bouneweg géint de VC Belair, aus der éischter Divisioun, beim 3:0 keng Problemer hat.

Back to Top
CIM LOGO