Cross Country
Bob Haller an Anny Wolter setze sech beim Optakt zu Rodange duerch

© pressphoto (Archiv)
An der Liichtathletik ass e Sonndeg zu Rodange deen éischte Cross vun der Saison gelaf ginn.
D'Haaptcourse iwwert 6,53 Kilometer zu Rodange gouf vum Bob Haller gewonnen, dëst virum Chris Felten an dem Sven Remakel. Den Haller hat eng Avance vu 4 respektiv 36 Sekonnen op seng Konkurrenten.
Bei den Dammen konnt sech d'Anny Wolter an der Course iwwert 4,03 Kilometer duerchsetzen. Op déi zweeten an drëtte Plaz sinn d'Anne Vincenot an d'Elisa Husting gelaf. Si haten e Retard vun iwwer 2 respektiv iwwer 3 Minutten.
Am meeschte gelies