Lëtzebuerger Futtballer am AuslandEnes Mahmutovic wiesselt bei ZSKA Sofia a Bulgarien
Dat huet de Veräin offiziell matgedeelt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung jo bis elo bei PFK Lviv an der Ukrain ënner Kontrakt.
Eng speziell Reegel vun der Fifa huet dësen Transfert erméiglecht. Zu Sofia ënnerschreift de Mahmutovic ee Kontrakt iwwer 2 an en halleft Joer. ZSKA Sofia steet op der zweeter Tabelleplaz an der 1. bulgarescher Liga.