Säi Féierungsstil beschreift hie selwer als "autoritär". Awer am laténgesche Sënn vum Wuert: een no uewen zéien.
Donneschdes Moies Hallwer 8 um Härebierg. Zanter genee enger Woch steet de Claude Robinet un der Spëtzt vun der Arméi. Hien huet sech déi lescht 6 Méint op déi nei Aufgabe virbereet.
Mam Patricia Strasser gëtt den Agenda op de Leescht geholl. Rendez-vousen, Visitten, wou gi wéi eng Tenuë gebraucht. Et si praktesch an organisatoresch Froen, op déi d’Sekretärin d’Äntwerte kennt wéi aus dem Effeff. De Generol Robinet ass ëmmerhin hire sechsten CEMA – esou gëtt de Chef d’Etat Major vun der Arméi intern genannt. Se wären alleguer komplett verschidde gewiescht.
Entspaant a jovial empfänkt de Claude Robinet eis. Wäit vun deem, wat een haut als “autoritär” bezeechent. Knapp installéiert, kënnt de Colonel Christian Simon an de Büro. D’Aarbechtsvisitt mat engem 4-Stäre Generol vun der NATO muss virbereet ginn. Et geet ëm d’Pläng vun der Nord-Ost-Flank an ëm déi vu Lëtzebuerg als sougenannt “Transit-Natioun”. “Mir sinn eng Natioun, wou Truppe kéinten transitéieren, wa géing Renfort vum Weste kommen", erkläert de Generol. “Mir sinn och e Land, dat deemno wéi misst d'Leit ophuele fir ze logéieren, hei bis se da weider transitéiere géingen.”
Existent Pläng, déi net direkt eppes mat der aktueller Menace vu Russland ze dinn hunn, mee déi reegelméisseg tëscht den NATO-Memberen ofgestëmmt ginn. Näischt Aussergewéinleches also. “Et ass net, fir sech lo ze vill Suergen ze maachen. Mee et muss een einfach Pläng am Tirang hunn”.
Nawell stellt sech d’Fro: wéi asazbereet si mer, sollt d’Situatioun mat Russland eskaléieren?
“Also eng ganz kloer Ausso ass, mir wëlle kee Krich! Dofir si mer mat der Ofschreckung amgaangen. Mir weisen, dass mer prett sinn, dass mer opbauen. An enger zweeter Phas, wann et géing dozou kommen, si mer verdeedegungsfäeg am Bündnis.”
De russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain verschäerft sech. Parallel féiert Russland een hybride Krich géint Europa. D’Situatioun géif seriö geholl - an de verschiddene Länner a vun der NATO, verséchert de Claude Robinet. Et si pragmatesch Grënn, déi de bestuete Mann a Papp vun dräi Kanner dozou beweegt huet an dëse ganz onsécheren Zäiten d’Verantwortung vun der Arméi ze iwwerhuelen.
2023 hat hien en Departement an d’Liewe geruff, fir déi grondleeënd Transformatioune vun der Arméi unzegoen, mam binationale Batailloun mat der Belsch. A senger Karriär hat de Claude Robinet och mat der Fliger-Unitéit vun den A400M ze dinn, déi Lëtzebuerg mat der Belsch huet. Dobäi kommen eng Rei Joren zu Bréissel bei der NATO, wou hien och mat de Beräicher Cyber a Space befaasst war. “An dat huet sech fir mech iergendwéi ergi fir dat Gesamtbild, déi Iddien, déi ech do an deenen Domainer hat, fir dat zesummenzefügen. An dat kann ech op dësem Poste gestalten.”
De Generol hëlt eis mat erop op de Bierg bei d’Satelliten-Antennen. Si wieren extrem wichteg fir d’Connectivitéit vun de Lëtzebuerger Truppen a Rumänien oder Litaue beispillsweis, mat Lëtzebuerg ze garantéieren an Informatiounen auszetauschen. De Claude Robinet selwer war 2002 als Chef vum Lëtzebuergesche KFOR-Detachement am Kosovo. Spéider huet hien och am Afghanistan Erfarungen um Terrain gesammelt.
Um Botterweck, nach e puer Meter méi héich, waart schonn e Peloton Zaldote op de Chef d’État Major. Haut gëtt zesummen trainéiert. Héich Intensiven Intervall-Training steet um Programm. Kraaft-Übungen, iwwer Mauere sprangen, pompelen, Gewiichter hiewen, ee Seel eropkloteren – alles a kuerze, séieren Ofleef. Et wier eng Ausnam, datt hie mat trainéiert, seet de Claude Robinet - liicht ausser Otem. Hien hätt d’Zäit net dofir, mee géif kucke fir zweemol an der Woch an de Fitness ze goen. “Déi dräi Elementer Ernärung, Beweegung, Recup - dat gehéiert dozou, fir kënnen de Beruff dann och deementspriechend ze auszeféieren.”
Sportlech war de Claude Robinet vu Jonkem un. Als fréieren Handballer a Scout huet Teamgeescht nach ëmmer eng wichteg Roll a sengem Liewe gespillt. D’Perspektive vun enger ofwiesslungsräicher Karriär, mat ville Méiglechkeeten – och am Ausland, hunn hien an d’Arméi gezunn. Säi Féierungsstil beschreift de Generol erstaunlecherweis als “autoritär”. “Am Sënn vum fréiere laténgesche Wuert, wou et u sech heescht ‘een no uewen zéien’. Ech sinn ugewisen op d’Leit, déi fir mech schaffen. Et ass Teamgeescht a jidderee kritt d'Vertrauen, fir a sengen Domainer d'Aarbecht ze maachen.”
DO-IT, dat ass de Kompass deen de neie Chef d’État Major sech ginn huet. “D” steet fir d’Diversifikatioun vum Personal. “O” fir d’Operationalisatioun vun de Capacitéiten, dass déi prett sinn. Den “I” fir d’Integritéit. “Well mer wuesse wäerten, muss een awer kënnen herno zesummebleiwen, alignéiert bleiwen an deem, wat ee mécht.” An den “T” fir Technologien, ouni déi et haut net geet. “Déi musse mer och erakréien, fir kënne weider relevant ze sinn”.
Un Defien an Ofwiesslung dierft et dem Claude Robinet an Zukunft jiddefalls net feelen.