Zwee Poliziste verwonntNo Poursuite duerch Stater Feierowendtrafic - Automobilist konnt verhaft ginn

Andy Brücker
En Automobilist wollt sech e Méindeg den Owend net vun enger Policepatrull kontrolléiere loossen an et koum zu enger wëller Poursuite vu Bouneweg op Gaasperech.

E Méindeg géint 17:40 Auer ass de Beamten an der Rue du Puits zu Bouneweg e verdächtegen Auto opgefall. Wéi d'Poliziste probéiert hunn den Auto ze kontrolléieren, huet de Chauffer Gas ginn a sech duerch d'Bascht gemaach. Et koum zu enger Poursuite, bei där den Auto deels iwwer Trottoire gefuer ass, respektiv och an e Policeauto gerannt ass.

An der Rue Charles Darwin zu Gaasperech ass de flüchtegen Täter dunn an e geparkten Auto gerannt a konnt net méi weiderfueren. Poliziste konnten den Täter op der Plaz pëtzen.

Am Verlaf vun der Poursuite goufen zwee Poliziste blesséiert a si hu mussen an d'Spidol bruecht ginn. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet séchergestallt an eng Enquête an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO