Och Emma Goetz wiesselt bei den SC Freiburg
Déi 16 Joer jonk Golkipperin wäert genau wéi d'Charlotte Schmit bei den SC Freiburg wiesselen.
D'Emma Goetz huet dës Saison zu Metz trainéiert, huet d'Saison awer zu Wëntger an der héchster nationaler Liga op en Enn gespillt. Am Ufank vun hirer nach jonker Karriär huet si fir den FF Norden 02 gespillt. Och si ass aus dem U17-Kader direkt an d'A-Nationalekipp geruff ginn. Am Frëndschaftsmatch géint Tahiti de 16. Februar 2022 huet si och direkt en éischten Asaz kritt.
Zu Freiburg wäert d'Emma Goetz fir den Ufank emol fir d'U20 an den Asaz kommen, fir sech esou un de méi héijen Niveau ze gewinnen. Spéiderhi soll déi jonk Golkipperin dann och an déi éischt Ekipp integréiert ginn.
D'Emma wier eng nach immens jonk, mee héich talentéiert Spillerin, sot d'Birgit Bauer-Schick vum SC Freiburg. Weider sot si, si géing sech freeën, datt d'Emma Goetz sech decidéiert hätt, déi nächst Schrëtt vun hirer Entwécklung zu Freiburg ze maachen.