Fréieren Nationalspiller
Dan Theis läit no Malaise op der Intensivstatioun

© Pressphoto.rtl.lu
D'Famill vum Dan Theis huet RTL géintiwwer confirméiert, datt de fréiere Futtballspiller an Trainer net gestuerwen ass.
De fréieren Nationalspiller, Spiller vun der Jeunesse, an Trainer vun ënnert anerem dem F91 Diddeleng, dem FC Déifferdeng 03 an der Jeunesse hat viru Kuerzem e Malaise beim Vëlofueren a läit zanterhier op der Intensivstatioun am Spidol.
E Mëttwoch de Mëtteg hate verschidde Sourcë gemellt, datt den Dan Theis gestuerwe wier. D'Famill huet eis awer matgedeelt, datt dëst net de Fall ass.
E Mëttwoch de Mëtteg hate mir fälschlecherweis dës Informatiounen opgegraff. Mir entschëllegen eis formell bei der Famill vum Dan Theis.
Am meeschte gelies