Donieft decidéiert de Kobayashi d’Schisprangen zu Sapporo fir sech, wärend Norwegen d’Staffel am Biathlon wënnt.

Bei den Hären huet de Schwäizer Daniel Yule beim Slalom zu Kitzbühl triumphéiert. Mat enger Zäit vun 1 Minutt, 44 Sekonnen an 63 Honnertstel huet hien de Britt Dave Ryding (+0.40 Sekonnen) an den Norweger Lucas Braathen (+0.41 Sekonnen) hannert sech gelooss.

Beim Schisprangen zu Sapporo huet de Ryoyu Kobayashi sech d’Victoire bei der leschter Competitioun a sengem Heemechtsland net huele gelooss. Mat 280.90 Punkte setzt de Japaner sech relativ komfortabel virum Norweger Halvor Egner Granerud (268.90 Punkten) duerch. De Markus Eisenbichler aus Däitschland packt et iwwerdeems mat 256.90 Punkten op déi 3. Plaz.

Am Biathlon konnt de Favorit aus Norwegen sech bei der Staffel duerchsetzen. 59 Sekonnen trennen d’Skandinavier um Enn vu Frankräich, déi op déi zweete Plaz komm sinn. Mat engem Retard vun 2 Minutten, 17 Sekonnen a 50 Honnertstel huet déi däitsch Staffel de Podium zu Antholz komplettéiert.

Bei den Damme konnt d’Ragnhild Mowinckel de Super-G zu Cortina d’Ampezzo fir sech entscheeden. Mat enger Zäit vun 1:23,22 hat d’Norwegerin eng Avance vun 30 Honnertstel op d’Cornelia Hütter aus Éisträich. Déi drëtt Plaz war fir d’Italienerin Marta Bassino mat engem Retard vu 47 Honnertstel.