D'Laura Huber aus der Schwäiz konnt sech hei déi 1. Plaz virum Nadine Hundegger an dem Tatum Bieler sécheren.

E Samschdeg ass déi 16. Editioun vun de Jugend-Wanterspiller zu Friuli-Venezia Giulia am Nordoste vun Italien op en Enn gaangen. Um leschten Dag huet sech d'Lëtzebuergerin Gwyneth ten Raa am Super G mat engem Retard vun zwou Sekonnen déi 16. Plaz geséchert.

D'Victoire gouf et fir d'Schwäizerin Laura Huber, dat sech virum Nadine Hundegger (+0.63s) aus Éisträich an dem Tatum Bieler (+0.67s) aus Italien behaapte konnt.