De Lëtzebuerger ass déi 1.500 Meter zu Madrid an enger Zäit vun 3 Minutten, 37 Sekonnen an 9 Honnertstel gelaf.
Domadder war hien 29 Honnertstel méi séier wéi den ale Lëtzebuerger Rekord, deen och de Charel Grethen hat. Dësen hat hie virun ronn engem Joer dem 19. Februar 2022 beim Birmingham Indoor Grand Prix opgestallt.
An der Finall zu Madrid koum hie mat dëser Zäit op déi 7. Plaz. Gewonnen hat den Amerikaner Yared Nuguse, deen d'Streck an 3 Minutten, 33 Sekonnen an 69 Honnertstel gelaf ass.
Am meeschte gelies