Suitten an der Affär ronderëm d‘Basket Coupe Halleffinall bei den Dammen tëscht dem Gréngewald an dem T71 Diddeleng.

RTL-Informatiounen no ass um Freidegowend Sëtzung virum CLAS, der „Commission Luxembourgeoise d‘Arbitrage pour le Sport.“

Dëst ass déi lescht Instanz hei am Land, duerno bléift nach de Wee virun dat internationaalt d‘Sportsgeriicht op Lausanne.

Fir een Urteel hunn d‘Jugen theoretesch 3 Méint Zäit, allerdéngs ass des Affär op Grond vun der geplangter Coupe Finale den 18. Mäerz urgent. De Gréngewald krut an zweeter Instanz virum Conseil d‘Appel Recht a steet den Ament an der Coupe Finale géint d‘Sparta Bartreng.