
Baujoer 2018, nëmmen 20.000 Kilometer gelaf, een eenzege Virbesëtzer, an dat fir 599.000 brittesch Pond (ëmgerechent 685.000 Euro). Hannert dëser Annonce op engem spezialiséierten englesche Site verstoppt sech ee ganz besonneschen Aston Martin Vantage. Et ass ee Formel-1-Safetycar. Den Auto mat der Chassisnummer “SC02" VIN N00045 war am ganzen tëschent tëschent 2021 an 2023 bei 20 Formel-1-Weekender am Asaz.
Eng Course stécht dobäi besonnesch ervir: d’Finall 2021. An der Annonce heescht et dozou: “Et ass Iech iwwerlooss, wéi Dir zu dëser Course stitt, mee dat heiten ass dee Safetyar, deen an enger vun de memorabelste Finalle Geschichte geschriwwen huet.” Et däerf ee deemno gespaant sinn, wie sech dëst besonnescht Erënnerungsstéck aus der F1-Geschicht séchert.
No fënnef Saisonen zitt Aston Martin iwwregens ee Schlussstréch ënnert seng Safetycar-Asätz. 2026 wäert de SC-Pilot Bernd Mayländer nëmmen nach mat Mercedes-Autoen op de Circuit geschéckt ginn.
Showdown am WM-Kampf 2021. Kuerz viru Schluss gëtt d’Course wéinst engem Accident neutraliséiert. De Safetycar gëtt erausgeruff. Den Hamilton läit un der Spëtzt, mam Verstappen am Genéck. Wärend den Hamilton dobausse bleift, mécht de Verstappen ee gratis Boxestopp. Hamilton viru Verstappen. Wann et esou bleift, wier dat den 8. WM-Titel fir den Hamilton. Mee Red Bull spekuléiert drop, dass d’Course nach emol nei gestart gëtt. Dunn decidéiert de Renndirekter Michael Masi, d’F1-Reegel op seng ganz eege Manéier z’interpretéieren. E Grapp voll iwwerronnten Autoen, déi tëschent Hamilton a Verstappen loungen, däerfe sech zeréckronnen. Du gëtt d’Course relancéiert, de Safety Car gëtt erageruff, obwuel net all iwwerronnte Pilot sech zeréckronne konnt. De Verstappen mécht mat frësche Pneue kuerze Prozess a gewënnt säin éischten Titel. Haut ass kloer: wann de Michael Masi d’Reegelen à la lettre applizéiert hätt, wier dee WM-Kampf aneschters ausgaangen. Den Toto Wolff war um Funk ausser sech: “No Michael, No! This was so not right!” Mercedes wollt Protest aleeën, mee de Lewis Hamilton war esou frustréiert, dass hien emol keng Loscht op en Titel virum gréngen Dësch hat.