Virum Match war d’Situatioun immens enk an der Tabell an et stounge wäertvoll Punkten an der Course ëm d’Playoff-Platzen um Spill. Interessant fir d’Spectateure war d’Partie op der Kockelscheier de leschte Samschdeg op alle Fall. Tornado Lëtzebuerg hat an hirem leschten Heemmatch vun der regulärer Saison Châlons op Besuch. Duergoe sollt et fir déi dräi Punkten awer leider net. 3:6 war d’Schlussresultat aus Tornado-Siicht, a virun allem den éischten Drëttel mat 2 Goler vu Châlons war dobäi entscheedend.
No insgesamt néng gespillten Heem-Matcher an dëser Saison huet ee beim Tornado awer ee positive Bilan gezunn, virun allem wat d’Zuele vu Supporter ubelaangt, déi hir Ekipp déi ganz regulär Saison iwwer ënnerstëtzt haten.
An och op sportlechem Plang war et keng schlecht regulär Saison. Scho virum leschte Match den nächste Weekend hat ee sech ënnert den éischten aacht fir d’Playoffs qualifizéiert. Méi wäit an Zukunft gekuckt probéiert een sech awer weider uewen an der zweeter Divisioun a Frankräich ze etabléieren.
Fir dës regulär Saison ofzeschléissen, geet et dann am leschte Match den nächste Weekend op en Neits géint Châlons, dann awer a Frankräich. Dono waarden dann d’Playoffs op den Tornado.