Gwyneth ten Raa a Mathieu Osch bei OlympiaCOSL-Responsabel an Athleete weise sech zefridde mat Lëtzebuerger Resultater

Serge Olmo
E Mëttwoch huet de Lëtzebuerger Comité Olympique (COSL) zu Cortina eng Online-Presskonferenz organiséiert a Presenz vun den zwee Lëtzebuerger Athleten an Dirigente vum COSL, fir e Bilan vun de Lëtzebuerger Resultater ze zéien.
© Geoffrey Osch

COSL-Responsabel an Athleete weise sech zefridde mat Lëtzebuerger Resultater / Serge Olmo

Déi ganz grouss Majoritéit vun de sportlechen Anlagen, op deene performt gëtt, gouf et schonn, esou datt den CO2-Impakt probéiert gouf a Grenzen ze halen. Allerdéngs muss sech vill deplacéiert ginn, wat op där anerer Säit en negativen Impakt huet.

Zu Mailand war dem President vum COSL Michel Knepper no, ausser an der Géigend vum Dom, net wierklech Olympia-Stëmmung ze verspieren. Op den anere Sitten deemno méi.

“Bormio ass schonn e bësselchen aneschters gewiescht. Bormio ass awer eng kleng Statioun. Et war e bësselchen Animatioun do. Mee et war kee richtege Village Olympique. An do wéi mer bis gëschter Owend hei zu Cortina ukomm sinn, huet ee wierklech gesinn, wat Olympesch Spiller sinn, wat dat duerstellt.”

De President Knepper huet d’Organisatioun allgemeng gelueft.

D’Gwyneth ten Raa war zu Peking 2022 zwee Mol ausgefall. Zu Cortina gouf et eng staark Leeschtung am Riseslalom mat enger 30. Plaz, gëschter awer en Ausfall am Slalom. De Matthieu Osch konnt am Riseslalom op déi 46. Plaz kommen an a senger Spezialdisziplin, dem Slalom, d’Plaz 28 erreechen. De Chef de Mission Raymond Conzemius zitt mat zwou Top30-Plazen natierlech e positive Bilan.

“Dee Moment huele mer beim Gwyneth ganz kloer d’Resultat vum Riseslalom alleguer gäre mat heem. Op där anerer Säit, dat super Resultat, muss ee wierklech och vum Matthieu soen, eng 28. Plaz. An da muss een och soen, hei zu Cortina hate mer zwee Mol schéint Wieder a bei de Courssen zu Bormio waren d’Bedéngunge vun der Pist net evident.”

D’Gwyneth ten Raa mat sengen nëmmen 20 Joer huet nach eng grouss Zukunft viru sech, haaptsächlech am Riseslalom. De Weltcup gëtt uviséiert.

“Ech huele ganz vill Positives vun dëser ganzer Erfarung mat fir déi nächst Olympiaden dann. Déi nächst Courssen, wann d’Saison fäerdeg ass, no Val d’Isère, da kënnt déi nei Saison. Déi nächst Saison wéilt ech gären am World Cup ufänken a kucke wéi dat alles wäert goen, ob et mäin Niveau ass, emol kucken, wéi wäit ech vun der Nummer 1 ewech sinn.”

De 26 Joer ale Matthieu Osch, deen de Fändel gedroen hat bei der Erëffnungszeremonie, ass bei sengen 3. Olympesche Spiller dobäi an huet mat der 28. Plaz am Slalom richteg gutt performt, obwuel hien déi lescht Zäit vill mat Verletzunge geplot war. D’Motivatioun fir d’Zukunft an eventuell eng 4. Participatioun bei Olympesche Spiller ass de Moment op jiddwer Fall ginn.

“Ech hunn elo definitiv Blutt geleckt. Also ech hunn dat schonn ëmmer gäre gemaach, soss hätt ech mech elo och net déi lescht zwee Joren duerch gequäält. Ech fuere lo mol sécher nach weider. An d’nächst Joer steet och ënner anerem eng ganz flott WM zu Crans Montana um Programm, déi ech gäre géif mathuelen. An da kucke mer, dat wäert elo natierlech och e bësse vun de Gelenker vum Kierper ofhänken, wéi déi all matmaachen.”

E Mëttwoch op der Pressekonferenz ass kloer erauskomm, datt eis zwee Athleeten hir Passioun kënne liewen, natierlech net nëmmen, mee haaptsächlech duerch hier Famillen, déi si vu Klengem un enorm ënnerstëtzt hunn.

Back to Top
CIM LOGO