Table Ronde mam Thema "Fraen am Sport"
D'Diskriminéierung vun de Fraen am Sport ass e wichtege Volet, dee beschtefalls sollt aus der Welt geschaaft ginn.
Leschte Méindeg gouf am Kader vum Weltfraendag vun der Gemeng Stengefort an der Kommissioun vun der Chancëgläichheet an der Al Schmelz eng Diskussioun ronderëm de Sujet "Fraen am Sport" organiséiert. Fir d'éischt gouf de Film "Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg" vum Tessy Troes gewisen. Dono gouf d'Thema an enger Table Ronde mat der Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding a weidere Persounen diskutéiert.
En Wuert, dat um Méindeg den Owend dacks gefall ass, ass dat vun der Mediatisatioun. D'Frae kréien an de Medien net genuch sportlech Unerkennung. Dëst probéiert d'Realisatrice Tessy Troes, mam Film "Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg" ze änneren, fir de Leit dobaussen e wichtege Message ze vermëttelen.
De Fait, dass d'Frae bei der Nationalekipp am Futtball fir Lännermatcher keng Prime kréien, obwuel si 9 Punkten an der EM-Qualifikatioun konnten huelen, weist, dass den organiséierte Sport tëschent de Geschlechter hautdesdaags nach ëmmer ongläich ass. D'Nationalspillerin Amy Thompson hat dofir däitlech Wierder fonnt: "Männer kréien eppes, fir Resultater ze bréngen a mir musse fir d'éischt Resultater bréngen, fir eppes ze kréien."
Och wann de Staat opgrond vun der Autonomie vun de Federatioune keen Afloss op déi intern Decisioune vun de Verbänn a Veräiner huet, ginn et dem Trainer vun der Dammefuttballnationalekipp Dan Santos no awer aner Méiglechkeeten, fir d'Gläichstellung vum Fraesport ze verbesseren.
D'Chancëgläichheetsministesch an de Vetrieder vum Sportminister hu Rotschléi fir d'Federatiounen, déi dobäi hëllefe kënnen, d'Geschlechter-Gläichstellung am Sport ze acceleréieren.
Als Ofschloss vun der Table Ronde huet d'Taina Bofferding de Roude Léiwinne weiderhin Erfolleg gewënscht an dass d'FLF-Formatioun an der Zukunft hoffentlech an engem volle Stadion op der Cloche d'Or spille kann.