Membere vun der Press, d'Traineren an d'Kapitäne vun den Ekippen an d'Fans hu gewielt. E Mëttwoch den Owend war déi éischt Awards Night vun der FLBB.

Hei si 6 Präisser verdeelt ginn: 1 Mol fir de beschte Spiller vun der Saison, 1 Mol fir déi bescht Spillerin vun der Saison, 1 Mol fir de beschten U21-Spiller, 1 Mol fir déi bescht U21-Spillerin, 1 Mol fir de beschten Trainer am Härechampionnat an 1 Mol fir de beschten Trainer am Dammechampionnat.

RTL

© FLBB

MVP bei den Hären

De Philippe Gutenkauf vun der Ettelbrécker Etzella gouf als beschte Spiller vun der Saison ausgezeechent.

Och nach nominéiert waren:

Thomas Grün (Basket Esch)

Joe Kalmes (T71 Diddeleng)

Bob Melcher (Amicale Steesel)

Olivier Vujakovic (Résidence Walfer)

MVP bei den Dammen

D'Ehi Etute vum T71 Diddeleng gouf als bescht Spillerin vun der Saison ausgezeechent.

Och nach nominéiert waren:

Mandy Geniets (T71 Diddeleng)

Lisy Hetting (BBC Gréngewald)

Nadia Mossong (T71 Diddeleng)

Esmeralda Skrijelj (Amicale Steesel)

Beschte Spiller an der Kategorie U21

De Max Logelin vun der Sparta Bartreng gouf als beschten U21-Spiller gewielt.

Och nach nominéiert waren:

Mykolas Maindron (Arantia Fiels)

Charel Moes (Conter)

Bescht Spillerin an der Kategorie U21

Och an der Kategorie U21 goung de Präis un d'Ehi Etute.

Och nach nominéiert waren:

Kyra Coulon (Basket Esch)

Laetitia Schumacher (Amicale Steesel)

Trainer vum Joer (Härechampionnat)

De Christophe Ney vun der Arantia Fiels krut bei den Traineren aus dem Härechampionnat déi meeschte Stëmmen.

Och nach nominéiert waren:

Etienne Louvrier (Amicale Steesel)

Franck Mériguet (Basket Esch)

Trainer vum Joer (Dammechampionnat)

Bei den Damme geet de Präis un de Jérôme Altmann, deen den T71 Diddeleng trainéiert.

Och nach nominéiert waren:

Fabienne Fuger (Conter)

François Manti (BBC Gréngewald)