Virun allem déi Benevole solle méi Wäertschätzung kréie wéi bis elo. Ma och Elittesportler solle besser gefërdert ginn, an dat net just an der Arméi.

Ronn zwou an eng hallef Stonn gouf haut an der Chamber iwwer de Sport diskutéiert. Dat am Kader vun enger Interpellatioun déi vum DP Deputéierten Claude Lamberty ugefrot gi war. Et ass iwwer de sougenannten "Ist-Zoustand" an iwwer Zukunft vum Sport zu Lëtzebuerg diskutéiert ginn.

Alleguerten d'Riedner vu sämtleche Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, ware sech eens, datt déi 22.000 Benevollen hei zu Lëtzebuerg, déi ronn 4,5 Milliounen Stonnen all Joer an de Sport investéieren an Zukunft eng aner Wäertschätzung musse kréie wéi bis elo. Ënnert anerem kéinte si vun engem Congé sportif profitéieren.

Chamberdebat iwwert Sport

De Claude Lamberty an aner Riedner hu sech nieft der Sportsektioun vun der Arméi och fir eng zivil Karriär fir d'Elittesportler ausgeschwat.
"Mir hunn zanter elo 25 Joer d'Elittesektioun fir Sportler an der Arméi. Eng formidabel Platz fir déi, déi sech doranner erëmfannen. Allerdéngs ass dat net fir jiddwereen de Fall. Dofir gëtt et héisch Zäit, datt mir och zivil Perspektiven, Partenariater mat Entreprisen an Acteure fir eis jonk Talenter kennen ubidden."

Dat gesäit de Sportminister Georges Engel awer e bësse méi problematesch.
"Ech muss soen, datt déi Thematik méi problematesch ass wéi ech dat, wou ech viru 14 Méint als Minister ugefaangen hunn, geduecht hunn. D'Konscht wäert et nämlech sinn, fir een änleche Modell en place ze setzen, deen esou interessant ass wéi d'Sportsektioun vun der Arméi. Mee wann dee méi interessant ass wéi dee vun der Arméi, da riskéiere mir de Modell vun der Arméi a Gefor ze bréngen. Et ass wichteg, datt een déi zwee huet, mee et däerf een deen een net vis-à-vis vun deem aneren a Fro stellen."

Allgemeng war ee sech eens, datt d'Sportinfrastrukture besser musse geplangt ginn, an datt se fir all Sportler op all Niveau, sief et den Hobbysportler oder den Elittesportler, méi accessibel musse sinn. Virun allem misst am Outdoor-Beräich méi a Sportinfrastrukturen muss investéiert ginn.

Aktuell stinn dem Sport ronn 0,3 Prozent vum Staatsbudget zu Verfügung. De Claude Lamberty wëllt, datt de Budget an Zukunft bei 1 Prozent läit. De Georges Mischo vun der CSV wëllt esouguer 2 Prozent.