D'Jenny Warling huet sech fir d'European Games zu Krakau qualifizéiert

© RTL Archivbild
Keng aner Lëtzebuerger Karateka hat sech op direktem Wee fir d'European Games a Polen qualifizéiert a fir d'Jenny Warling heescht et lo, séier fit ginn.
D'Athletin hat sech jo virun de Feierdeeg um Training um Kräizband blesséiert an huet missen operéiert ginn. Dem Objektiv, dee si bei eis am Interview ginn hat, wier also mol erfëllt. Déi nächst dräi Méint ass elo intensiven "Return-to-Sport"-Programm ugesot.
Schreiwes vum Chantal Warling
Nodeems gëschter am Laf vum Dag bekannt gouf dass d'Jenny fir d'EUROPEAN GAMES 2023 zu Krakau (POL) qualifizéiert ass (via "Universality Place" - well d'Jenny aus lëtzebuerger Siicht deen hëchsten European Games Standing huet an sech keen/keng aaner(en) Lëtzebuerger Karateka op direktem Wee qualifizéiert huet), steet fir d'Athletin aus dem COSL-Elitekader an den nächsten 3 Méint een intensiven Return-to-Sport um Programm fir rechtzäiteg neess fit ze sinn. D'Conditioun um Pabeier ass erfëllt, lo heescht et op de medezinësche Staff lauschteren an di néideg Tester (Kiné) packen. Den Ufank ass gemaach, d'Jenny gouf zënter sénger OP Enn 2022 (Kräizbänner) exemplarësch a senger Reha betreit, sou dass hatt kann hoffen Enn Juni (22./23.06.) a Polen um Tatami ze stoen. An all Kategorie (Jenny -55kg) si just déi 8 bescht aus Europa selectionnéiert.