E Lëtzebueger Klëmmer bei den Olympeschen Spiller? Dat gouf et bis e well nach ni. Genau dës grousst Zil wëll awer elo ee Sportler ugoen.

Den Nathan Martin huet zanter e puer Wochen och déi Lëtzebuerger Nationalitéit a wäert an Zukunft fir de Grand-Duché untrieden. Wéi et dozou komm ass, datt de gebiertege Fransous elo fir Lëtzebuerg klëmmt an ob Olympia realistesch ass, seet eis lo de Sam Rickal.

E Samschdeg Moien an der Coque. D’Climbing Team Letzebuerg mecht sech waarm fir Mettes op hir nächst Competitioun ze fueren. Nieft de bekannte Gesiichter wéi dem Jim Zeimes war och fir déi éischte Kéier de Nathan Martin mat dobäi.

Wéinst Differenze mat dem franséische Verband huet de Boulder-Spezialist virun engem Joer déi Lëtzebuerger Klammfederatioun kontaktéiert, fir fir Lëtzebuerg kënnen ze klammen. Den 21 Joer ale Sportler huet zanter Kuerzem och déi Lëtzebuerger Nationalitéit a wäert an Zukunft fir de Grand-Duché untrieden. Déi Lëtzebuerger Klammfederatioun FLERA ass natierlech frou, esou talentéierte Sportler dozou krit ze hunn, trotzdeem waren d’Verhandlungen net grad déi einfachsten.

Opgrond vun der Pandemie konnt de Nathan Martin an deene leschte Joren net vill Competitioune klammen. Dëst Joer geet de Boulder-Spezialist bei all de Welt-Cupen, wéi Welt- an Europameeschterschaft un den Depart.

Dat grousst Zil fir all Sportler ass natierlech Olympia. Een déckt Joer virun den olympesche Spiller zu Paräis gelt et lo, déi néideg Resultater ze erreechen, fir sech kennen ze qualifizéieren. Nëmmen déi 20 Bescht vun der ganzer Welt gi geholl, déi sech an deenen dräi Disziplinne Lead, Boulder a Speed musse qualifizéieren. D’Kiischten hänken also ganz héich, trotzdeem weess de Nathan Martin, datt et méiglech ass.

Et däerf een also gespaant sinn, ob de Nathan Martin sech fir déi olympesch Spiller ka qualifizéieren.