Mat 31 Joer ass Schluss
De Pit Biever hält op mam Basket

E Samschdeg huet de Pit Biever säi leschte Basketsmatch gespillt. Den 31 Joer ale Sportler hänkt seng Schong un den Nol.
Mat 5 Joer huet de Brudder vum Joé Biever zu Esch mam Basket ugefaangen. Am Alter vu 16 Joer koum de Pit an d'éischt Ekipp. Elo ass da mat 31 Joer Schluss.
2 Titele konnt de Pit Biever a senger Karriär mat Esch feieren. Zejoert war et d'Coupe an de leschte Weekend de Championstitel.
De Pit Biever hält mam Basket op / Jeff Kettenmeyer
3 Joer huet de Pit fir d'Nationalekipp gespillt. Elo wëll hie méi Zäit mat der Famill verbréngen. Déi koum wärend senger aktiver Zäit ze kuerz. De Pit ass Papp vun engem 3 Joer ale Meedchen.
Am meeschte gelies