Zu Bartreng war et dem Petanquesveräi gelongen, fir ee vun deene ganz Groussen aus hirem Sport op Lëtzebuerg ze kréien.

Zesummen mat der Monique Jovanovic, där de Philippe Quintais och d'Coupe iwwerlooss huet, huet den amtéierend Weltmeeschter an enger Dublette géint d'Nationalspiller Ongaro an Daunois gewisen, dass am Petanque als Kompetitiounssport Prezisioun, Konzentratioun an Ausdauer verlaangt ginn. Och de Phillippe Quintais ass dacks dermat konfrontéiert ginn, dass a ville Käpp de Petanque nëmmen als Fräizäitaktivitéit existéiert. Awer e 15 Weltmeeschtertitel wäert et fir den Philippe Quintais net ginn. De franséische Petanquesspezialist huet nämlech e Schlussstréch ënnert seng impressionnant Karriäre gezunn.