Paris-RoubaixVictoire am Sprint fir de Wout van Aert, Succès fir d'Franziska Koch bei den Dammen

Ted Koob
De Belsch konnt sech bei den Häre knapp virum Tadej Pogacar duerchsetzen. Franziska Koch war bei den Dammen am Sprint méi séier wéi d'Marianne Vos.
© BERNARD PAPON/POOL/AFP

No 258,3 schwéiere Kilometer konnt sech bei den Hären um Enn de Wout van Aert (Team Visma | Lease a Bike) knapp virum Weltmeeschter a grousse Favorit Tadej Pogacar (UAE Team Emirates-XRG) duerchsetzen. Van Aert a Pogacar konnte sech ronn 54 Kilometer virun der Arrivée entscheedend ofsetzen an hunn d’Victoire ënnert sech ausgemaach. De Pogacar huet an de leschten 30 Kilometer ëmmer nees den Tempo ugezunn, ma de van Aert konnt drubleiwen. De van Aert huet de Sprint kuerz virun der leschter Kéier am Vëlodrom lancéiert an huet sech déi éischt Plaz net méi huele gelooss. De Podium gouf vum Pogacar an dem Jasper Stuyven (Soudal Quick-Step) komplettéiert. De Mathieu van der Poel hat fréi e Platte kritt, huet sech probéiert erunzekämpfen a gouf um Enn de 4..

D’Franziska Koch (FDJ United-SUEZ) hat bei den Dammen d’Nues am Sprint virum Marianne Vos (Team Visma | Lease a Bike) vir. Op déi 3. Plaz koum mat engem Retard vu 6 Sekonnen d’Pauline Ferrand-Prévot (Team Visma | Lease a Bike). Mat Koch, Vos, Ferrand-Prévot a Blanka Vas hate sech ronn 45 Kilometer virun der Arrivée 4 Dammen definitiv ofgesat a konnten net méi agefaange ginn. No enger Attack vum Koch konnt 23 Kilometer virum wäisse Stréch och d’Vas net méi matfueren. Et goufe bis op d’Arrivée eng Rei Attacke vun den dräi Vëlosfuererinnen un der Spëtzt. Um Enn koumen d’Koch an d’Vos zesummen am Vëlodrom un, mam besseren Zilsprint vun der däitscher Cyclistin. Aus Lëtzebuerger Siicht war d’Nina Berton um Depart. D’Lëtzebuergerin konnt laang matfueren a koum um Enn op déi gutt 24. Plaz mat engem Retard vu 4 Minutten an 42 Sekonnen. Si hat de Sprint vum 3. grousse Grupp, deen ukoum, gewonnen.

De Resumé vun der Härecourse

Vun Ufank u war den Tempo ganz héich an et konnt sech keng richteg Echappée forméieren. Den Tadej Pogacar hat fréi e Platte kritt an huet eng Zäit hannert dem groussen éischte Grupp misse fueren. Ronn 98 Kilometer virun der Arrivée koum de Sloween awer nees bäi. Wéi et fir d’éischt an de Secteur Arenberg eragaangen ass, gouf den zweete grousse Favorit Mathieu van der Poel wéinst engem Platten ofgehaangen. Mat Pogacar, van Aert, Pedersen, Bisseger, Stuyven, Laporte a Pithie hate sech 7 Coureuren ofgesat. De van Aert a nach emol de Pogacar kruten e Platten, hu sech awer nees un d’Spëtzt konnten erukämpfen. De Meeus hat et och nach emol no vir gepackt. 60 Kilometer virun der Arrivée war de van der Poel an engem gréissere Grupp ronn eng Minutt hannert den 8 Leit un der Spëtzt. 54 Kilometer virun der Arrivée huet de van Aert attackéiert an nëmmen de Pogacar konnt matgoen. De Grupp mam van der Poel koum nach emol op 23 Sekonnen erun, duerno gouf vir awer nees acceleréiert. An de leschte Kilometer huet de van Aert d’Attacke vum Pogacar paréiert a konnt sech am Sprint duerchsetzen. De Stuyven hat sech vum zweete Grupp geléist a gouf um Enn den Drëtten.

D’Klassement vun de Hären

1 van Aert Wout Team Visma | Lease a Bike 05:16:52
2 Pogacar Tadej UAE Team Emirates-XRG ,,
3 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step + 13
4 van der Poel Mathieu Alpecin-Premier Tech + 15
5 Laporte Christophe Team Visma | Lease a Bike ,,
6 van Dijke Tim Red Bull-BORA-hansgrohe ,,
7 Pedersen Mads Lidl-Trek ,,
8 Bissegger Stefan Decathlon CMA CGM Team + 20
9 Politt Nils UAE Team Emirates-XRG + 02:36
10 Teunissen Mike XDS Astana Team + 02:36

D’Klassement vun den Dammen

1 Koch Franziska FDJ United-SUEZ 03:30:16
2 Vos Marianne Team Visma | Lease a Bike ,,
3 Ferrand-Prevot Pauline Team Visma | Lease a Bike + 06
4 Kopecky Lotte Team SD Worx-Protime + 01:30
5 Jastrab Megan UAE Team ADQ + 01:30
...
24 Berton Nina EF Education-Oatly + 04:42

Back to Top
CIM LOGO