CyclissemMats Wenzel gewënnt Clasica de Pascua

Ted Koob
No 166.4 Kilometer konnt de Lëtzebuerger sech a Spuenien am Sprint virum Javier Cubillas duerchsetzen.
© GONGORA NurPhotoNurPhoto via AFP (Archiv)

Um Sonndeg gouf ronderëm Padron a Spuenien d’Dagescourse Clasica de Pascua gefuer. de Mats Wenzel (Equipo Kern Pharma) huet eng ganz gutt Leeschtung gewisen a konnt sech aus enger klenger Echappée eraus am Sprint virum Javier Cubillas (Movistar Team Academy) duerchsetzen. Op déi 3. Plaz koum de Jesus Herrada (Burgos Burpellet BH) mat engem Retard vu 6 Sekonnen.

D’Klassement vun der Course

1 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 4:01:22
2 Cubillas Javier Movistar Team Academy ,,
3 Herrada Jesús Burgos Burpellet BH +0:06
4 Bilyi Maksym Club Ciclista Padronés - Cortizo +0:43
5 Aparicio Mario Burgos Burpellet BH +0:46

Back to Top
CIM LOGO