"From Office to 42" ass eng Campagne vun der Organisatioun vum Marathon fir Leit, déi e Bürosjob hunn, fir déi 21 respektiv 42 Kilometer fit ze kréien.

Et ass déi éischte Kéier, dass esou e Projet an d'Liewe geruff gouf an deen hat e richtegen Succès.

Am ganzen hu sech 50 Leit ageschriwwen an zanter Mëtt Januar gouf 2 mol d’Woch an der Mëttesstonn fir de groussen Dag trainéiert. Den David Steffes, e Fitnesstrainer, war Responsabel fir den Training a wéi esou een ofleeft waren mir eis virum Marathon ukucken.