MixVoip League an der RTL Live ArenaDéi éischt Finall Mamer-Gym bei den Dammen um 17.30 Auer a Stroossen-Luerenzweiler bei den Hären um 20 Auer am Stream
E Samschdeg ginn am nationale Volleyball-Championnat jeeweils bei den Dammen a bei den Hären déi éischt Finalle vum Best-of-Three-Modus gespillt.
E Samschdeg de Mëtteg spillt um 17.30 Auer an der 1. Finall vun den Dammen de VC Mamer géint den Gym Volley. Owes kënnt et dann um 20.00 Auer bei den Hären zu der 1. Finall tëscht dem VC Stroossen an dem VC Luerenzweiler. Béid Matcher kënnt Dir am Stream an der RTL Live Arena suivéieren.
De Livestream vu weidere Matcher aus dem Volleyball-Championnat an der RTL Live Arena
De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.